Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Noutstand deklaréiert: Stuerm suergt fir Iwwerschwemmungen zu New York

Iwwerschwemmte Kelleren, vollgelaf Metrosstatiounen, gespaarte Stroossen: Zu New York an an der Ëmgéigend stinn no uerge Wiedere vill Plazen ënner Waasser.

An der Milliounestad New York am Nordoste vun den USA huet et esou staark gereent, dass ganz Stroossen a Metrostatiounen iwwerschwemmt goufen. Op Biller gesäit ee wéi Gefierer komplett blockéiert sinn a Stroossen an deenen d'Waasser bis bei d'Fënstere steet. Autobunnen, Stroossen a Fluchhafenterminale goufe gespaart.

D'Autoritéiten hunn d'Leit dozou opgeruff, Doheem ze bleiwen, wann et méiglech ass. D'Gouverneurin Kathy Hochul huet den Noutstand fir New York City a verschidde Géigende ronderëm deklaréiert.

Plazeweis huet et zu New York bannent e puer Stonnen esou vill gereent wéi soss an engem Mount.

Wéinst dem héijen Undeel u versigelte Fläche steet d'Waasser op ville Plazen a kann net gutt offléissen.