D'chineesesch Stad huet weider Lockerunge vun de strenge Mesuren am Kampf géint de Coronavirus ugekënnegt. Aus ekonomescher Siicht och batter néideg.
Déi aktuell Situatioun hätt sech stabiliséiert a géing sech weider verbesseren, sot d'Regierungsspriecherin vu Shanghai. D'Strategie wier elo eng normaliséiert Preventioun a Kontroll. Esou géinge vun e Méindeg un d'Test-Reegele gelabbert ginn.
Schonn e Sonndeg geet no wochelaanger Fermeture en Akafszenter an der Stad erëm op. Vun e Mëttwoch u soll an der Stad, an där ronn 25 Millioune Mënsche liewen, de Lockdown gréisstendeels opgehuewe ginn. Wien den ëffentlechen Transport hëlt oder an ëffentlech Gebaier geet, muss en negative PCR-Test weisen, deen net méi al ass ewéi 72 Stonnen. Virdru waren et 48 Stonnen. Doduerch soll et vereinfacht ginn, erëm schaffen ze goen.
Bis e Méindeg soll de Busverkéier ronderëm de gréisste Fluchhafe vun der Stad a vum wichtegste Finanzzentrum erëm wéi gewinnt fueren. E Mëttwoch sollen dann och 240 Finanzinstituter erëm opgoen. Schonn zanter Enn Abrëll dierfe wichteg Produzente wéi aus der Auto- oder Chemie-Branche.
Am Mäerz hat Shanghai wéinst enger immenser Hausse un Neiinfektiounen e Lockdown verhaangen. D'ëffentlecht Liewen gouf an zwou Etappe bis de 5. Abrëll komplett erofgefuer. E Sonndeg goufe ronn 100 Fäll registréiert, zu Peking waren et der 21. Dat representéiert eng landeswäit Baisse un Infektiounen. Doudesaffer goufen am Zesummenhang mam Virus a China keng gemellt.