Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op der Pompel: Weider Hausse bei Bensinn, Masutt an Diesel

Beim Diesel, Masutt a 95er Bensinn ass et en Donneschdeg ëm Hallefnuecht eng Hausse vu wäit iwwer 6 Cent de Liter.

De 95er Bensinn (E10) geet ëm 6,7 Cent erop op dann 1,983 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Hausse vu 7,6 Cent op 2,227 Euro de Liter.

Den Diesel kascht 6,9 Cent méi a geet domat op 1,865 Euro de Liter erop.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 7 Cent de Liter méi deier a kascht dann 1,347 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet och ëm 6,9 Cent op am Ganzen 1,342 Euro de Liter erop.

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck