Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police-Bulletin: Déif an zwee Drogendealer gepëtzt

Ënnert anerem koum schonn den 19. September zu enger Festnam vun engem Drogendealer zu Rodange.

Am spéiden Owend ass de Policebeamten an der Route de Luxembourg de Verkaf vun Drogen opgefall an hunn doropshin de presuméierte Verkeefer a Keefer direkt gestallt. Beim presuméierte Keefer gouf eng Bull Kokain fonnt, beim Dealer selwer eng kleng Quantitéit Kokain a Boergeld. Souwuel d'Drogen, wéi d'Sue goufe séchergestallt.

De Dealer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Méindeg den 20. September virun den Untersuchungsriichter.

E Samschdeg 23. September ass der Police dann e weideren Drogedeal um Boulevard de la Fraternité um Verluerekascht opgefall. Niewent de 4 Bulle vun de Keefer, hunn d'Beamten an enger Heck an der Géigend weider 18 Bulle mat Droge fonnt. Béid Clienten, wéi och de presuméierten Dealer goufen op de Policebüro matgeholl. Do konnt een beim Duerchsichen nach eng weider Bull, sou wéi Cannabis sécherstellen. Och beim Dealer goufen 2 Friemkierper am Kierper entdeckt, nodeems hien an der Röntgen-Ënnersichung war. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

An der Nuecht op de 24. September goufen an der Stad eng Partie Déifställ gemellt, bei deenen all Kéier Menace mat engem Messer am Spill waren. De presuméierten Täter konnt am Kader vun Ermëttlungen kuerz drop gestallt ginn, d'Messer dat hie bei sech hat gouf séchergestallt. Nodeems hien duerchsicht gouf, konnten Handyen, Bancomatskaarten, Smartwatchen a Boergeld séchergestallt ginn. De presuméierten Täter gouf festgeholl, d'Affer kruten hier geklaute Saachen nees zeréck.