Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police warnt: Abriecher op der Flucht - keng Leit am Raum Waarken mathuelen

RTL

E Sonndeg de Moien ass géint 4.40 Auer zu Waarken an der Cité Warkdall an een Haus agebrach ginn.

Wéi d'Police mellt, soll den Abriecher duerno zu Fouss duerch de Bësch a Richtung Bierden fortgelaf sinn.

De presuméierten Täter soll tëscht 25 an 30 Joer al sinn, 1,80 Meter grouss a schlank sinn, schwaarz ugedoe sinn, schwaarz kuerz Hoer hunn, déi op d'Säit gekämmt sinn, a Franséisch schwätzen.

Et gëtt nach ëmmer nom Mann gesicht, esou dass d'Police den Appell mécht, fir am Raum Ettelbréck, Waarken, Bierden kee mam Auto matzehuelen a verdächteg Persounen direkt um 113 oder bei der Police vun Dikrech ënnert der Nummer 244801000 ze mellen.