Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Politmonitor (3): Suerg ëm Ukrain-Krich ma och Corona grouss, Vertrauen an d'Politik net

Am drëtten a leschtem Deel vun eisem Politmonitor, deen TNS-Ilres fir RTL an d'Lëtzebuerger Wort gemaach huet, geet et ë.a. ëm d'Vertrauen an d'Politik.

D'Vertrauen an d'Politik a an d'Sozialpartner ass net grouss

A Juncker-Zäiten haten nach bal 70 Prozent Vertrauen an d'Regierung, ewell sinn et 51 Prozent. D'Oppositioun kënnt nach méi schlecht ewech mat grad emol 31 Prozent. Gewerkschaften a Patronat schneiden net vill besser of mat 39, respektiv 37 Prozent.

Wat seet eis dat, war d'Fro un den Tommy Klein vun TNS-Ilres. "Et seet eis, dass d'Institutiounen den Ament ee Problem hunn an der Perceptioun vun de Leit. Virun allem, wann 51 Prozent vun de Leit Vertrauen an d'Regierung hunn an 39 Prozent keent, da muss ee sech d'Fro stellen, firwat dat esou ass. Spekuléiere kann een, dass eppes ze dinn huet mat der Deconnectioun vum ganze politesche System, wou d'Leit manner Interessen hunn un deem, wat wierklech an de Parteie geschitt a sech manner mat de Parteien identifizéieren".

Residentë fäerten, datt de Krich an der Ukrain nach weider negativ Suitte kéint hunn

Am Sondage koume mer net laanscht de Krich an der Ukrain. An do gëtt et de Leit heiheem baang, dass dee Krich sech geschwënn net op d'Ukrain wäert limitéieren."D'Suerge vun de Leit, déi een am Mäerz konstatéiert huet, bleiwen d'selwecht, och fir den Ausbroch vun engem drëtte Weltkrich, wou gutt d'Hallschent vun de Leit fäerten, dass esou eppes kuerzfristeg kéint antrieden."

Dowéinst goufen d'Leit och gefrot, ob si der Meenung wieren, datt méi ëffentlech Gelder sollten an d'Arméi fléissen, wéi dat jo ënner anerem eis däitsch Nopere schonn decidéiert hunn. Knapp iwwert d'Hallschent vun de Befroten hu sech da fir esou en Investissement ausgeschwat.

Wat d'ukrainesch Flüchtlinge betrëfft, ass et dëse Constat: "Do hu mer eng Majoritéit vun de Leit, déi mengen, d'Flüchtlinge sollen no enger Integratiounsphas selwer decidéieren, ob se zeréck an hir Heemecht ginn oder och net."

Coronavirus: Vill Leit sinn der Meenung, datt d'Pandemie och dëst Joer net op en Enn geet

Onëmgänglech war de Sujet Corona. Bal dräi Véierel vun de Leit begréissen, dass déi sanitär Restriktioune gréisstendeels opgehuewe gi sinn.

"Wann een dobausse kuckt, gesäit een eng grouss Freed, dass dës Mesuren opgehuewe gi sinn. Wat mech iwwerrascht huet, ass, dass trotz dëse Freed just een Drëttel vun de Leit iwwerzeegt ass, dass mer um Enn vum Joer d'Pandemie iwwerstanen hunn."

Politmonitor (3) / Reportage Jean-Marc Sturm

PDF: All d'Zuele vum Politmonitor am Detail

1. Politmonitor (vum Dënschdeg) - D'Suerge vun de Leit

Politmonitor (1) / Reportage Jean-Marc Sturm

RTL-News: Politmonitor (1): Ëmfro iwwer Suerge vun de Leit weist op, wat d'Walkampftheemen 2023 kéinte ginn

2. Politmonitor (vun e Mëttwoch) - D'Politiker

Politmonitor (2. Deel)

Am zweeten Deel vum Politmonitor, deen d'TNS-Ilres fir RTL an d'Lëtzebuerger Wort gemaach huet, geet et ëm Sympathie a Kompetenz vun de Politiker.

Politmonitor (2) / Reportage Jean-Marc Sturm

RTL-News: Politmonitor (2): D'Paulette Lenert léisst Plommen, deelt sech elo 1. Plaz mam Jean Asselborn

D'Detailer wéi ëmmer op Alia.lu

Fir dës Ëmfro goufen 1.048 Lëtzebuerger, déi iwwer 18 Joer al sinn, via Telefon oder online vun TNS Ilres befrot, dat tëscht dem 17. a 25. Mee 2022. D'Detailer iwwert d’Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir hei ënnert dësem Link oder och op Alia.lu