Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Promi-Spot: Diane Messner

An dësem Episod vum Promi-Spot besischt de Loïc Juchem de Reinhold a seng Fra Diane Messner a Südtirol a mir kréien d’Buerg Firmian gewisen.

Eng Plaz, déi den Alpinist senger Fra direkt beim éischten Date gewisen huet an déi dofir fir d’Diane eng wichteg Bedeitung huet.

 Zanter 2021 ass d'Lëtzebuergerin elo mam Reinhold Messner bestuet. 1980 koum si zu Lëtzebuerg op d'Welt, war hei am Land am Lycée an huet bis 2008 zu Keel gewunnt. Si huet och laang Jore bei der Post geschafft. Et war eng Rees am August 2018, déi dem Diane Messner hiert Liewe fir ëmmer verännert huet. Eng Woch laang huet si Zäit verbruecht an huet dunn och de Reinhold Messner kennegeléiert. Dee Mann, deen op den héchste Bierger vun der Welt war, déi wäermsten a killste Regiounen duerchschratt huet an dem Dout dobäi méi wéi eemol an d'Ae gekuckt huet. Hie war et och, deen 1978 mam Peter Habeler, als éischte Mënsch ouni Sauerstoff-Fläsch uewen um Mount-Everest stoung. De fréieren Europadeputéierten huet am ganzen iwwer 60 Bicher geschriwwen.

 43 Joer huet d'Diane haut an ass domat 35 Joer méi jonk wei hire Mann. Den Altersënnerscheed mécht hinnen zwee awer näischt aus a si genéissen all Minutt, déi se zesummen hunn. Dem Diane säin Alldag ass haut e komplett aneren, wéi nach zu Lëtzebuerg, haut lieft ee nämlech bal just nach aus der Wallis an ass permanent ënnerwee.

 Am Interview mam Loïc Juchem geet d’Diane Messner awer och drop an, wei schwiereg d'Ufäng vun hirer Bezéiung waren. Zesumme mat hirem Mann hunn déi Zwee Messner Mountain Heritage gegrënnt, fir sou de kommende Generatiounen den traditionellen Alpinismus an den Ëmgang mat der Natur am Sënn vum Reinhold Messner weiderzeginn.