Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Prozess ëm Walmanipulatioun: Mat-Ugeklote vun Trump bekennt sech schëlleg

Prozess ëm Walmanipulatioun

Domadder ass den 59 Joer ale Scott Hall deen éischten Ugekloten an deem Fall, dee sech mam Parquet op e sougenannte Plea Deal gëeenegt huet.

Am Prozess géint de fréieren US-President Donald Trump an 18 weider Ugeklote wéinst presuméierter Walmanipulatioun am Bundesstaat Georgia huet sech elo ee vun de Mat-Ugeklote schëlleg bekannt. De Scott Hall, deen a siwe Punkten ugeklot gi war, huet sech e Freideg e fënnef Fäll schëlleg bekannt. Am Géigenzuch fuerdert de Parquet fir den Ugeklote 5 Joer Prisong op Sursis, eng Geldstrof vu 5.000 Dollar (ronn 4.700 Euro) an 200 Stonne gemengnëtzeg Aarbecht.

Donieft soll den 59 Joer ale Mann sech ëffentlech entschëllegen a bei de Prozesser géint déi aner Verdächteg aussoen.

Den Donald Trump an 18 weider Verdächteger waren am August am Bundesstaat Georgia wéinst Walmanipulatioun bei de Presidentiellen 2020 ugeklot ginn.