Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Regierungsrot: Provisoresche Budget a Poste vum Avocat Général beim europäesche Geriichtshaff

De Regierungsrot gouf vum Nach-Premier Xavier Bettel presidéiert. Um Plang stoungen ënner anerem de provisoresch Budget an de Poste vum Avocat Généeral.

Dean Spielmann Kandidat fir Avocat Général bei der europäescher Cour de Justice

D'Kandidatur vum Dean Spielmann fir de Poste vum Avocat Général bei der europäescher Cour de Justice zeréckbehale ginn. Dës partiell Erneierung vu Riichter an den Avocats Généraux ass all dräi Joer virgesinn. D'Kandidature waren am Juni lancéiert ginn, nodeem déi verschidde Kandidaten Entretienen haten, huet de Selektiounscomité den Dean Spielmann als offizielle Kandidat nominéiert.

Mam Marc Jaeger, François Biltgen an Dean Spielmann stellt Lëtzebuerg den Ament dräi Riichter um EU-Tribunal respektiv op der Cour.

Den Dean Spielmann, deen also elo soll Avocat Général op der Cour ginn, ass 61 Joer al an eréischt zanter 2016 um EU-Tribunal aktiv. Virdrun war de Fils vum Alphonse Spielmann iwwer 10 Joer um europäeschen Geriichtshaff fir d'Mënscherechter aktiv, wou hien och bis 2015 President war.

Iwwerdeem leeft d'nächst Joer op den 1. Mee d'Mandat vum Lëtzebuerger Riichter Georges Ravarani beim europäeschen Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg of. Fir dee Poste vun dësem Riichter huet e nationale Selektiounscomité ënnert der Presidence vum Roger Linden, President vun der Cour Supérieure de Justice, dräi Kandidaten zeréckbehalen: dëst sinn d'Marie-Jeanne Kappweiler, de Jörg Gerkrath an de Stéphane Pisani. Hei muss lo d'parlamentaresch Assemblée vum Conseil de l'Europe gréng Luucht fir ee Kandidat ginn.

Provisoresche Budget ugeholl

Am Regierungsrot gouf och de Projet fir ee provisoresche Staatsbudget guttgeheescht. Do handelt et sech ëm eng Zort Iwwergangsbudget fir de Fonctionnement vun de staatleche Servicer an Instanze bis Enn Abrëll 2024, en attendant, dass eng nei Regierung steet an en eegene Budgetsprojet ausgeschafft huet