Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Roland Garros: 33. Victoire hannertenee fir d'Swiatek

E Mëttwoch war bei de French Open d'Suite vun de Véierelsfinalle bei den Dammen an den Hären.

Hären

An der drëtter Véierelsfinall krut et de Russ Andrey Rublev (ATP 7) mam Kroat Marin Cilic (ATP 23) ze dinn. Et war e Match, wou sech béid Spiller näischt geschenkt hunn an deen hin an hier goung. Den éischte Saz Konnt de Rublev mat 7:5 fir sech entscheeden, dono huet den Cilic mat 6:3 nogeluecht an och den drëtte Saz mat 6:4 gewonnen. Well de Rublev awer de fënnefte Saz mat 6:3 gewanne konnt, koum et zum entscheedende fënnefte Saz. An och hei konnt net wierklech ee sech behaapten. Beim Stand vu 6:6 huet et missten an den Tiebreak goen. An hei hat de Kroat déi besser Loft. Am Ufank vum Tiebreak stoung et nach 2:2, ma zum Schluss setzt den Cilic sech mat hei mat 10:2 duerch a gewannt den decisive fënnefte Saz esou mat 7:6.

An den Halleffinalle kritt et de Marin Cilic mam Casper Ruud ze dinn. Den Norweger huet sech a 4 Sätz mat 6:1, 4:6, 7:6 (7:2) a 6:3 géint den Dän Holger Rune duerchgesat.

Fir de Ruud ass et déi éischte Kéier a senger nach jonker Karriär, datt hien an den Halleffinalle vun engem Grand Slam steet.

D'Halleffinallen am Iwwerbléck:

Rafael Nadal (5) - Alexander Zverev (3)
Casper Ruud (8) - Marin Cilic (20)

Dammen

E Mëttwoch de Mëtteg konnt sech d'Daria Kasatkina eng éischte Kéier an hirer Karriär fir d'Halleffinall vun engem Grand-Slam-Tournoi qualifizéieren. Déi 25 Joer jonk Russin huet sech nämlech mat 6:4 a 7:6 géint hir Landsfra Veronika Kudermetova duerchgesat. An der Ronn vun de bescht 4 kritt d'Kasatkina et elo mat der Nummer 1 vun der Welt ze dinn, mam Iga Swiatek. Déi 21 Joer jonk Polin huet géint d'Jessica Pegula aus den USA absolut näischt ubrenne gelooss a gewënnt hir Véierelsfinall mat 6:3 a 6:2. Fir d'Swiatek war et iwwerdeems déi 33. Victoire hannerteneen.

D'Halleffinallen am Iwwerbléck:

Iga Swiatek (1) - Daria Kasatkina (20)

Martina Trevisan - Cori Gauff (18)