Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Schottland: Blesséierter bei Accident mat historescher Damplokomotiv

RTL

© AFP

Bei der Kollisioun vun der legendärer Damplok "Flying Scotsman" mat engem aneren Zuch sinn eng Rei Mënsche blesséiert ginn.

Zum Accident ass et e Freideg op der Gare zu Aviemore an de schotteschen Highlands komm, dat huet d'Police matgedeelt. Zwou Persounen hu missen an d'Klinick ageliwwert ginn an e puer Passagéier goufen nach op der Plaz behandelt.

Den Accident ass der Entreprise Scotrail no op enger vum regulären Zuchverkéier getrennter Privatstreck geschitt. Beim Rangéiere soll et zum Accident komm sinn. Déi honnert Joer al "Flying Scotsman" war déi éischt Damplokomotiv, déi eng Vitess vun iwwer 100 Meile pro Stonn (gutt 160 Stonnekilometer) erreecht huet.