Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Schwamm-Weltmeeschterschaft fir Juniore: Finn Kemp an der Finall

RTL

© Christophe Audot

Iwwert 200 Meter Brasse konnt sech de jonke Schwëmmer mat engem neien nationale Rekord qualifizéieren.

Op der Juniore-Schwamm-Weltmeeschterschaft zu Netanya an Israel steet de Finn Kemp iwwer 200 Meter Brasse an der Finall.

Dat 18 Joer jonkt Talent ass mat enger Zäit vun 2 Minutten 16 Sekonnen an 51 Honnertstel op déi 8 Plaz komm.

Eng nei Lëtzebuerger Beschtzäit op den 200 Meter Brasse, dat bei de Schwëmmer am Alter vun 18 Joer bei den Junioren.

Dës Beschtzäit hat bis elo den Laurent Carnol an dëser Alterkategorie.

D'Finall ass den Owend kuerz no 5 Auer.