Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Schweden: Regierungschef wëll Militär géint wuessend Bandegewalt asetzen

Dräi Doudeger goufen et bannent de leschte 24 Stonne bei jéngsten Ausernanersetzunge tëscht rivaliséierende Banden a Schweden.

De schweedesche Ministerpresident Ulf Kristersson huet an dem Kontext en Donneschdeg an enger Tëleesusprooch ugekënnegt, sech e Freideg mam nationale Policechef an dem Ieweschte Kommandeur vum Militär zesummesetzen an doriwwer ze beroden, "wéi d'Arméi d'Police am Kampf géint d'Banden ënnerstëtze kënnen".

E Mëttwochowend, kuerz virun 19 Auer, ass an engem Viruert vu Stockholm e jonke Mann an der Géigend vun enger Sportsanlag erschoss ginn, wou grad en Training mat Kanner ofgehale gouf. An engem anere Viruert goufen nëmmen e puer Stonne méi spéit zwou Persoune blesséiert, wouvunner eng spéider gestuerwen ass. Dräi Verdächteger goufen an dem Kontext festgeholl. An der Nuecht op en Donneschdeg koum et iwwerdeems dann och nach zu enger Explosioun an engem Viruert vun Uppsala bei där eng 25 Joer al Fra ëm d'Liewe koum.

Vun enger Spriecherin vun der Police huet et geheescht, d'Kriminalitéit hätt Ausmoossen ugeholl, déi et esou nach ni virdru gouf. D'Situatioun zu Uppsala mä och am Rescht vum Land wier immens eescht.

Eleng dëse September sollen 11 Mënschen duerch Bandegewalt ëm d'Liewe komm sinn, esou vill wéi nach ni bannent engem Mount, zanter véier Joer.