Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Serie Nei Gesiichter an der Chamber (2): LSAP-Politikerin Claire Delcourt am Portrait

Serie Nei Gesiichter an der Chamber (2)

Déi jonk Mamm aus der Gemeng Conter huet Biologie studéiert an huet bis zur hirer Vereedegung als Deputéiert bei der Police geschafft.

An hirer Fräizäit ass si gär an der Natur, ob et ass fir mam Hond spadséieren ze goen oder Vëlo ze fueren. Naturtheme leien hir allgemeng um Häerz an awer och sozial Gerechtegkeet. Ënner anerem dofir huet si sech 2016 bei der LSAP engagéiert, virop mol op lokalem Niveau zu Hesper.

Am Juni dëst Joer gouf si zu Contern an de Gemengerot gewielt, konnt dee Posten awer net unhuelen, well sech spéider erausgestallt huet, datt hir spezifesch Aarbecht bei der Police net mat sou engem politesche Mandat kompatibel wier.

D’Participatioun bei de Chamberwalen dëst Joer war fir d’Claire Decourt net nei. Iwwerdeems si 2018 bei de Parlamentswalen awer net genuch Stëmmen fir e politescht Mandat op nationalem Niveau krut, ass hir de Sprong an d’Chamber déi Kéier direkt gelongen. Iwwerraschend huet si am Zentrum aner, méi bekannt Personnagen aus hirer Partei hannert sech gelooss.

D’Claire Delcourt freet sech op hiren neien Challenge als Deputéiert. Scho virun der Assermentatioun um Dënschdeg an der Chamber gouf si via Lous Member vun der Commissioun fir d’Iwwerpréiwung vun de Pouvoiren an huet dierfen de Rapport an der Plenière virdroen. Den éischten Optrëtt beim Mikro huet di jonk Sozialistin also schonn hannert sech.

Als nei Parlamentarierin hofft si vun deene méi erfuerenen ze léieren an awer och aktiv matzeschaffen an zum Beispill mat parlamentaresche Froen d’Regierungsaarbecht kritesch ze suivéieren. Als Kärthemen, déi si intresséieren, nennt d’Claire Delcourt Ëmwelt, Biodiversitéit, Klima, Famill, Jugend a Logement.