Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Spannungen am Kosovo: USA besuergt iwwer serbesche Militäropmarsch

D'US-Regierung observéiert eegenen Aussoen no e grousse serbesche Militäropmarsch un der Grenz zum Kosovo.

Do wieren esou vill Artillerie a Panzer derbäi, wéi nach ni virdrun, esou de Kommunikatiounsdirekter vum nationale Sécherheetsrot. Dowéinst fuerderen d'USA Serbien och op, hir Truppen un der Grenz erëm zeréckzezéien.

Et wier ee besuergt iwwert d'Situatioun a géif dës schonn zanter enger Woch beobachten. Wat Serbien wëlles huet, kéint een nach net soen, ma den USA no géif d'Regioun politesch destabiliséiert ginn duerch dës verstäerkte militäresch Presenz.

Den US-Ausseminister Antony Blinken huet mam serbesche President Aleksandar Vucic telefonéiert, dat huet den US-Ausseministère e Freideg zu Washington matgedeelt. Der serbescher Noriichtenagence Tanjug no huet de Vucic dementéiert, gréisser Militärunitéiten un der Grenz zum Kosovo zesummegezunn ze hunn. De Kommunikatiounsdirekter vum Nationale Sécherheetsrot, John Kirby, huet dogéint vun enger "beispillloser" Mass un Artillerie a Panzere geschwat.

Nom Iwwerfall de leschte Sonndeg am Nordkosovo huet de Blinken um Telefon verlaangt, datt déi Responsabel, déi sech den Ament a Serbien ophale géifen, zur Rechenschaft gezu ginn. Een 30 Mann staarken, schwéier arméierte serbesche Kommandotrupp hat sech virun enger knapper Woch zu Banjska bei Mitrovica am Nordkosovo Ausernanersetzunge mat der kosovarescher Police geliwwert. Dobäi waren dräi serbesch Kämpfer an e kosovaresche Polizist ëm d'Liewe komm.

De Kosovo-serbesche Spëtzepolitiker a Geschäftsmann Milan Radoicic huet sech zum Iwwerfall bekannt. Hien huet behaapt, d'Aktioun op eege Fauscht ausgefouert a keng offiziell Plazen a Serbien doriwwer informéiert ze hunn. Dogéint hält et d'Regierung zu Pristina fir ausgeschloss, dass de Radoicic op eege Fauscht gehandelt huet. Wou de Radoicic aktuell drun ass, ass onbekannt.

D'Nato huet iwwerdeems Gréng Luucht ginn, fir d'Militärpresenz am klenge Balkanland eropzesetzen. Iwwert d'Zuel vun den zousätzlechen Zaldote gouf näischt bekannt ginn.

Haut wunne bal nëmmen nach Albaner am Kosovo. Dëse goufe 1999 mat Nato-Hëllef vu Serbien ofgespléckt. Méi wéi 100 Länner erkennen d'Onofhängegkeet mëttlerweil un.