An 13 spuenesche Provënzen, dorënner Madrid a Barcelona, goufen 18 Persoune festgeholl, déi kannerpornografescht Material solle verbreet hunn.
21 Handyen, 6 Computeren, 8 Festplacken, eng Kamera a weidert informatescht Material goufe saiséiert.
Déi Verdächteg, déi vun der Police festgeholl goufen, haten hir IP-Adresse verschleidert. Si kréie Verbreedung vu Kannerpornographie zur Laascht geluecht.
D'Ermëttlunge goufen am Januar 2020 lancéiert, nodeems d'US-Ambassade den Ermëttler zu Madrid Indicë ginn hat.