Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Staatsbeamtegewerkschaft: Och no de Wale wëll d'CGFP net weider op politesch Sensibilitéiten oppassen

Si wëll sech mat ganzem Asaz fir de sozialen Zesummenhalt asetzen. Dat war den Tenor no der Sëtzung vum Nationalcomité.

Och no Analyse vun den Äntwerten op déi eenzel Walpréifsteng schwätzt d'CGFP keng Walrecommandatioun aus.

Villméi insistéiert d'Gewerkschaft drop, datt exklusiv mat der CGFP driwwer debattéiert gëtt, wat an der Fonction Publique ze geschéien huet. Net ze verstoe wier et duerfir, wann d'KP an Déi Lénk op deem Punkt eng aner Meenung hätten.

D'CGFP setzt sech dann och fir en automatescht Upasse vun der Steiertabell un d'Inflatioun an - an hiren Äntwerte wieren LSAP a Gréng net an der Lag gewiescht, sech op deem Punkt fest ze leeën.

Onkloer ass et aktuell fir d'CGFP, wéi d'Ofschafe vum Bewäertungssystem beim Staat konkret soll ëmgesat ginn. Wéinst dem kritiséierte Benoutungssystem am neien Arméisgesetz ass d'CGFP den Ament dann och mat der Regierung op der Conciliatioun.