Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Statec: Iwwer 136.000 Seniore liewen am Grand-Duché

Am Kader vun der "Journée internationale des personnes agées" den 1. Oktober huet de Statec aktuell Chifferen zu de Senioren zu Lëtzebuerg publizéiert.

Déi eelste Fra am Land huet dem Statec no 109 Joer, den eelste Mann kënnt op 105. An der Moyenne gi Frae 84,8 a Männer 80,5 Joer al. Op den éischte Januar 2023 hunn am Grand-Duché 136.374 Senioren, also Leit iwwer 60 Joer, hei am Land gelieft. Op d'Awunnerzuel vun de Gemenge gekuckt, maachen d'Senioren de klengste Prozentsaz zu Fëschbech (15,2%) aus an dee gréissten zu Munneref (32,5%).

Ronn 46 % vun de Leit tëscht 55 a 64 Joer schaffen nach zu Lëtzebuerg. Domadder läit een däitlech ënnert der Moyenne vun der EU, déi bei 62 Prozent läit.

Sechs vun zéng Senioren soen, datt si bei gudder Gesondheet sinn. 43 Prozent dogéint gesinn net all Dag e Member vun hirer Famill, deen net och bei hinnen am Stot lieft.

RTL