Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tarifverhandlungen mam OGBL: Geschäftsféierung vu Coca Cola géif weiderhi blockéieren

Tarifverhandlungen mam OGBL

Zënter dem Relancement vun de Verhandlunge am November 2022 géif d'Management vu Coca Cola Luxembourg d'Theema vun engem neie Kollektivvertrag ofblocken.

Dat deelt den OGBL an engem Communiqué e Méindeg de Moie mat. D'Gewerkschaft kritiséiert de Manktem un Transparenz vum Management bei de Verhandlungen. Coca Cola-Lëtzebuerg géif ënnert anerem refuséieren, d'Finanzresultater virzeleeën. D'Fuerderunge vum OGBL géifen och einfach ignoréiert ginn, eng eenzeg Primm déi am Joer 2023 ausbezuelt gouf, bezeechent d'Gewerkschaft als "lächerlech". D'Direktioun géif bei wichtege gewerkschaftleche Fuerderunge blockéieren, notamment bei reegelméissege Lounerhéijungen a bei enger Prime unique.

D'Gewerkschaft verweist op e Resultat vun 276 Milliounen € fir 2022. Geschwë géifen et gewerkschaftlech Aktioune ginn, sou den onofhängege Gewerkschaftsbond weider am Communiqué.