Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tëscheruff vum Monique Kater: Schicksaler, déi Politik esouguer am Virwalféiwer kal loossen

Deenen, déi d'Aktualitéit op RTL suivéieren, ass den Numm Jacqueline Schockmel bestëmmt direkt e Begrëff! Déi 56 Joer al behënnert Fra krut no 40 Joer schaffen, hir Preretraite refuséiert, well si net al genuch ass an hir Cotisatiounsjore feelen. Obschonns si drop hiweist, dass anerer an hirem Fall sinn, reagéieren déi politesch Responsabel, op d’Thema ugesprach, "kameraschei"… eppes, dat d’Monique Kater, an engem Tëscheruff, méi wéi bedenklech fënnt…

Ech wollt iech hei erzielen, wéi ech iwwerhaapt un d'Jacqueline koum a firwat mech hir Geschicht elo schonn e puer Deeg laang, beschäftegt.

Tëscheruff vum Monique Kater

Kontaktéiert huet mech hiren Dokter,an deen zielt mer an aller Roserei, hien hätt elo dem Familljeminister geschriwwen, fir sech ze beschwéieren, dass seng Patientin no 40 Joer, hir Pensioun net kritt.

Fir de Minister äntwert en Attaché an do steet, a menge Wieder resuméiert: "domadder hu mir hei näischt ze dinn, kuckt mat der Cnap, der Pensiounskeess, deenen hu mer dat do lo weider ginn".

Ma genee DO WAR d'Jacqueline Schockmel jo virdrun, an hier – widderhëlt de Minister fir Sozial Sécherheet mer fir d'xte Kéier, hunn hir dat vu vir bis hannen erkläert!

Jo! Si hunn et erkläert, Si sinn am Recht, a Mir hunn et verstanen… an awer gi mir eis net! Mir meckeren an hannerfroen! An dat nervt! Blöd, dass d'Jacqueline Schockmel dem Monique Kater dat hei alles erzielt huet, well elo nerven der Zwee!

Well nämlech deen ee Minister mat näischt eppes wëllt ze dinn hunn, obschonns déi Joren, déi der Madamm Schockmel feelen, vun 83 bis 86, d'Famille "Ministère de Tutelle" war. An dee Minister dann um Telefon erkläert, si wieren am Behënnerte-Beräich just fir d'Infrastrukturen zoustänneg – alles wat mat schaffen ze dinn hätt, wier an der Kompetenz vum Aarbechtsminister!

Dee goung, no engem éischte Gespréich iwwer eist Thema, iwwerhaapt net méi op den Telefon.

De Securité-Sociales-Minister war, fir säin Tour, zwar och net grad begeeschtert, koum als Pensiounsresponsablen awer net laanscht d'Kamera. Och wann hie mat senger "et kéint ee jo/ wann ee genee wéisst/ an eventuell géif/ mee nëmme vläicht wann" - Ausso, extrem vage bliwwen ass.

A well Walkampf ass, nenne mer elo, wéinst der Transparenz, d'Parteie vun eisen Uspriechpartner: Famille - 1 Mol blo. Aarbecht a Sécurité Sociale: 2 Mol rout. Aktuell NET an der Responsabilitéit: e Schwaarzen Ex-Familljeminister, haut Administrateur an der Fondatioun Kräizbierg. Och deen hu mer gefrot an deen huet als eenzege richteg geäntwert. D'CSV hat deemools d'Aarbecht an d'Famille, wéi 2003 endlech dat Gesetz koum, dat de Behënnerten de Statut vum Salarié handicapé ginn huet. Dass déi Behënnert och virun deem Gesetz geschafft hunn, gouf net beduecht, bedauert den Deputéierten.

Sou, an elo sti mer do! D'Madamm Schockmel wäert elo hallef schaffe goen, bis si op genuch Joren an op de gesetzlechen Alter fir d'Preretraite kënnt. Domadder entsprécht si dem Gesetz an dem Prinzip vun der Inclusioun, deen hei als politescht Argument benotzt gëtt, fir näischt z'ënnerhuelen. Wou ass hei d'Mënschlechkeet a wou de gesonde Mënscheverstand? Fir mech ass den Desintressi vun der Politik hei op en Neits de Beweis, dass et – an elo ginn ech wäit – duerch all d'Parteie kaum nach Politiker gëtt, deenen et ëm d'Saach, ëm d'Land an ëm de Bierger geet…Ma schummt iech!