Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

TikTok: 4 Millioune Videoe bannent engem Mount geläscht

Déi beléifte Social Media Plattform huet hiren éischten Transparenz-Rapport publizéiert.

Déi chineesesch Plattform, déi virop bei jonken Utilisateure beléift ass, huet eppes méi wéi 6.000 Leit, déi Contenu an der Europäescher Unioun an allen nationale Sproochen iwwerwaachen. Wéinst dem neien Digital Services Act vun der EU, muss TikTok dës Zuelen elo publizéieren.

Wie sech net dorun hält, riskéiert Strofe vu bis zu 6 Prozent vum weltwäite Revenu. Nieft TikTok falen och Plattforme wéi Facebook, Instagram, YouTube, Google a Wikipedia ënnert déi nei EU-Reegelen.

Am Rapport steet, dass TikTok eleng am September 4 Millioune Videoen an Europa geläscht huet, well dora Gewalt ze gesi war. An dësem Zäitraum hunn 134 Millioune Mënschen TikTok an der EU benotzt.

Et ass nach Aarbecht do

D'Entreprise wier "houfreg" op hir Beméiungen aus der Vergaangenheet, mee constatéiert och, dass nach vill Aarbecht ze dinn ass. D'Unzuel u Videoen, déi op hir eegen Initiativ hi geläscht goufen, wier siwe Mol esou héich wéi d'Unzuel u Videoen, déi vun de User gemellt goufen.