Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Trotz ville Problemer: Liewensmëttelsecteur: Mir hunn hei am Land nach vill Chance

D'Präisdeierecht, héich Energie- a Materialpräisser, de Manque u qualifizéierten Main d'oeuvres: et ginn vill Erausfuerderungen am Liewensmëttelsecteur.

Iwwert dës Erausfuerderunge gouf e Mëttwoch op enger Table Ronde, organiséiert vun der IP  "Ipeople – Lët'z Talk" diskutéiert. Invitéiert waren do 5 Entrepreneuren aus dem Liewensmëttelsecteur.
Zu Lëtzebuerg hätt een d'Chance, dass ee fir d'Produkter, déi fir eise Marché geduecht sinn, nach genuch Lëtzebuerger Weess hätt, duerch déi Filière "produits du terroir", déi entwéckelt gi wär. Et wär ee quasi autark, erkläert d'Carole Muller, CEO vu Panelux/Fischer. Mee e grousse Problem wier, dass d'Kontrakter net méi géinge agehalen ginn.

"Fréier hat ee Kontrakter an déi sinn agehale ginn. Haut ass den Drock op eis Fournisseuren esou grouss, dass mir ganz vill Fournisseuren, mat deene mer 20, 30 Joer zesummeschaffen an déi nach ni ee Kontrakt gebrach hunn, déi eis soen 'mir liwweren iech net méi'. 'Dir musst de Präis net acceptéieren, mee mir kënnen net méi liwweren.' An ech mengen an där Situatioun, wou mer haut sinn, den Drock kënnt vun iwwerall. Den Drock kënnt vun eise Fournisseuren, vun eise Matières premières, mir fanne keng Leit, mir haten eng Index-Tranche. An dat ass einfach dat, wou mer haut musse kucken, wéi mer eis kënnen upassen. Natierlech huele mir als Betriber op eis Marge, mee de ganzen Drock do op eis Margen ze huelen, als Chef d'entreprises da kréien eis Entreprise Problemer."

Donieft dierft een och de Facteur vun der Spekulatioun net vergiessen, deen d'Präisspiral natierlech weider géing an d'Luucht dreiwen, erkläert d'Christiane Wickler, Direktesch vun de Pall-Centeren a Presidentin vum  Verwaltungsrot Cargolux. Si appelléiert donieft, net a Panik ze verfalen. Aktuell wär een an der Liewensmëttelbranche net um duebele vum Präis. Et géingen 15 Prozent bis Enn des Joers virausgesot ginn.

"Mir wäerten, wéi de Mënsch et ëmmer gemaach huet, eis adaptéieren. Mir sollen aus der Angscht erausgoen, well et ass eis bis elo nach näischt geschitt a mir wäerten eis adaptéieren. An d'Leit soen elo zum Beispill, dass alles, wat Seefepolver ass an d'Luucht geet. Dat ass den Ament och wierklech déi Branche, déi am meeschten an d'Luucht geet. Ech huelen och u wéinst der Spekulatioun. Dann ass et wéi et an der Zäit war. Ech mengen mir wäschen eisen T-Shirt elo all direkt nodeems mer en unhaten. Da wäsche mer en nëmme méi all 3 Deeg. Dat si vill Prozenter gespuert."

Et misst een als Entrepreneur och einfach d'Opportunitéite kucken. Effektiv hätt een do och schonn vill aus der Pandemie geléiert. Am Confinement hätt d'Brasserie hir Produktivitéit ëmgebaut, erkläert de Mathias Lentz, Direkter vun der Brasserie National.

"Firwat fëlle mer fir d'éischt Bofferding op an dann duerno eng Battin an dann duerno Waasser. Firwat maache mir et net ëmgedréint? Dat heescht mir hunn eis Produktivitéit ëm 45 Prozent verbessert, wat jo super ass. Elo ass de Krich: d'Matières premières an d'Elektresch sinn an d'Luucht gaangen an elo sinn mer eis ëmgaangen z'iwwerleeën, wéi mer dat maache kënnen. Mir maachen elo Compteuren iwwerall. Musse mer ëmmer d'Heizungen uloossen? Kënne mer d'Luuchten ausmaachen? Maache mer Solar-Panelen? Dat heescht domadder kënne mer och Energie spueren. Dat heescht all déi Saachen, et muss een d'Opportunitéite kucken. A wa sech dat alles mol erëm calméiert huet, da si mir erëm am Viraus, well mer keng Panik gemaach hunn, mee d'Opportunitéite gekuckt hunn."

An der Pandemie war d'Demande no Bioproduiten däitlech an d'Luucht gaangen. A grad elo, wou duerch den Ukrain-Krich keen Dünger erbäikënnt, wiere Bioproduiten jo vu Virdeel, mee d'Demande wier europawäit zeréckgaangen, erkläert den Ander Schanck Direkter vun Oikopolis, zu deenen och d'Naturata-Butteker a BioG gehéieren.

"Mir sinn hei zu Lëtzebuerg an engem Land, dat keng Skalen-Effekter huet. Dat heescht, mir sinn ëmmer deier an der Produktioun an doduerch kënne mer net ganz gutt konkurréieren, wann no de Präisser gekuckt gëtt. Dat heescht, mir verléieren elo e bëssen de gutt gedüngte Buedem ënnert de Féiss."

D'Situatioun wier effektiv den Ament net evident, mee mir hätten hei zu Lëtzebuerg nach vill Chance.  Nach eemol den Änder Schanck.

"Ech ka mech ëmmer domadder tréischten, egal wat ass, dat, wat an der Ukrain mat de Mënschen do geschitt, dat ass eng ganz aner Nummer wéi dat, wat eis geschitt a wa mir iwwer héich Präisser jammeren. Do muss een einfach aner Moossen hunn."