Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

US-Boyband: NSYNC verëffentlechen éischt neit Lidd a méi wéi 20 Joer

Si hunn an den 90er Joren Häerzen méi héich schloe gelooss - elo huet déi amerikanesch Boyband hiert éischt neit Lidd zanter 2001 erausbruecht.

Et war also keen Äddi fir ëmmer: NSYNC, d'US-Boyband ronderëm den Justin Timberlake, huet e Freideg d'Pop-Lidd "Better Place" verëffentlecht. Et ass déi éischt nei Musek zanter hirem Album "Celebrity" am Joer 2001. Am Joer drop huet d'Band sech offiziell opgeléist.

Den Justin Timberlake, den Joey Fatone, den JC Chasez, de Lance Bass an de Chris Kirkpatrick hu sech no 22 Joer zesummegedoen, fir e Lidd zum Soundtrack vum neien Animatiounsfilm "Trolls" bäizedroen. Den Justin Timberlake, deen an den "Trolls"-Filmer och eng Schwätz-Roll iwwerhëlt, huet "Better Place" ee "Libesbréif un eis Fans" genannt. Den drëtte Film an der Serie kënnt Mëtt November an de Kino.