Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Wat ass am Stock?: Bis ewell goufe 6.020 Corona-Impfdosissen zerstéiert

Knapps iwwer 6.000 Impfdosissen zerstéiert, 1,5 Millioune Masken ofgelaf: Mir hu bei der Santé nogefrot, wat aktuell am Stock läit.

Masken Masken - jo oder nee? Eng Fro, déi ugangs 2020 vill diskutéiert gouf. Experten hu fréi drop higewisen, datt ee Maske soll droen. D'Politik war do méi zréckhalend, dat ënnert anerem och, well ee keng hat.

De Staat huet Masken am grousse Stil kaf. Bis haut 85 Millioune Stéck. Am Stock leien den Ament nach 6 Millioune Masken. 1,5 Milliounen hu missen ewech geheit ginn, well se ofgelaf waren.

RTL

© RTL-Grafik

Antikierper- a Schnelltester

Relativ fréi huet d'Regierung och Antikierper-Tester kaf, fir ze kucken, wei vill Leit an der Populatioun a Kontakt mam Virus waren a schonn Antikierper hunn. No der éischter Well waren et knapp 2 Prozent. Déi 400.000 Tester déi kaf goufen, si mëttlerweil all opgebraucht.

RTL

© RTL-Grafik

34 Millioune Schnelltester huet de Staat bis elo kaf, am Stock sinn der nach 3,8 Milliounen. 1 Milliounen Tester huet een un zwee Partnerlänner ginn, déi no Hëllef gefrot hunn.

RTL

© RTL-Grafik

Impfstoff

Enn 2020 ass de Vaccin komm. A "Game Changer" an der Pandemie. Dem European Centre for Disease Prevention and Control (ECDC) no si mëttlerweil 72,8 Prozent vun der Populatioun op mannst zweemol geimpft. Domat läit ee liicht iwwert dem europäeschen Duerchschnëtt.

1,75 Milliounen Impfdosisse krut Lëtzebuerg bis elo. Eng hallef Millioun sinn nach am Stock. 6.020 Impfdosissen hu missen zerstéiert ginn, 56.000 goufen un aner Länner gespent.

RTL

© RTL-Grafik

Ausbléck?

Wat an de nächste Méint u Material gebraucht gëtt, kann ee kaum viraussoen. Déi Variant, déi a Portugal fir eng Hausse bei den Infektioune suergt, ass am Gaang sech hei am Land ze verbreeden.