Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

WRC: Ott Tänak nom 1. Dag a Féierung bei WM-Laf am Chile, Munster um Puma op Plaz 7

6 Specialle sinn um Freideg gefuer ginn. Den Duo Tänak/Järveoja huet mam Ford Puma 4,2 Sekonne Virsprong op Sunninen/Markkula op Hyundai i20.

Op Plaz 3 stinn um Freideg den Owend den Elfyn Evans an de Scott Martin um Toyota Yaris.

Ganz gutt aus der Affär gezunn hu sech bis ewell och de Lëtzebuerger Grégoire Munster a säi belsche Copilot Louis Louka. Fir si ass et e ganz besonnesche Rallye, well et ass déi éischte Kéier, dass si net mat engem Rally2-Ford Fiesta an der Rallye-WM fueren, ma mat engem Ford Puma Rally1. Deemno mat dem selwechte Material, mat deem och z.B. den Ott Tänak fir M-Sport Ford fiert. Dësen Auto huet vill méi Leeschtung, méi Aerodynamik an och besser Bremsen, wéi de Rally2-Fiesta. Deemno huet et geheescht sech un d'Potential vum Puma eruntaaschten.Schonn um Shakedown en Donneschdeg konnt een am Gesiicht vum Grégoire Munster gesinn, wéi vill Spaass hien am Auto hat.

E Freideg war de Start net optimal, well 5 Minutte virum Depart huet de Copilot Louis Louka festgestallt, dass hien d'Nottenheft vun de Freides-Speciallen net dobäi hat. An enger Last-Minut-Aktioun hu se dunn d'Notten via Fotoen op den Handy geschéckt kritt, an de Louka huet déi 3 éischt Specialle mussen d'Notte vum Handy ofliesen a sengem Pilot diktéieren. Dobäi koum nach, dass de Puma net seng voll Leeschtung konnt ofliwweren. Ma den Duo Munster-Louka huet dat gutt gemeeschtert kritt, an nom Service goung et mat "richtegen" Notten, an engem topfiten Ford Puma op déi nächst 3 Speciallen. Hei konnt de Munster seng Zäiten dach kloer verbesseren an de Réckstand op d'Spëtzt ass pro Kilometer manner ginn.Um Enn vum 1. Dag stempele si op Plaz 7 am General, dat mat 1min38 Réckstand op d'Spëtzt. Fir si heescht et um Samschdeg den Auto weider kenneléieren an dës Geleeënheet notzen, fir wichteg Kilometer an der Kinneksklass vum Rallyesport ze sammelen.

RTL

© Sophie Graillon / DPPI via AFP

E Samschdeg sinn nach emol 6 Speciallen um Programm, an e Sonndeg dann nach emol 4.

Klassement nom 1. Dag vum Rallye Chile BioBio