Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ze vill Alkohol: E Chauffer schléift a sengem Auto a kritt de Führerschäin ofgeholl

Géint 17.45 Auer e Mëttwoch den Owend krut d'Police e Gefier gemellt, dat an der Rue de Leudelange zu Bartreng stoung.

Wéi eng Patrull vun der Police op d'Plaz gefuer ass, hu si de Chauffer, deen amgaange war am Won ze schlofen, ugetraff. Den Alkoholtest war positiv an dem Mann säi Führerschäi gouf agezunn.

Um 2.45 Auer en Donneschdeg de Moie war dann eng Patrull vun der Police op e Gefier opmierksam ginn, dat mat héijer Vitess duerch d'Aveue John F. Kennedy um Kierchbierg gefuer ass. Och hei hat sech bei der Kontroll erausgestallt, dass de Chauffer ze vill gedronk hat an d'Beamte hunn de Fürerschäin agezunn.

Iwwerdeems hat d'Police e Mëttwoch den Owend op verschiddene Plazen ordonéiert Alkoholkontrolle gemaach. Dat zu Keespelt, zu Menster, um Briddel an zu Mënsbech. Am Ganze goufe 404 Chauffere kontrolléiert. 2 Mol war den Test positiv an et gouf e Procès-verbal respektiv en Avertissement taxé ausgeschwat. Iwwerdeems konnten 3 Chauffere keng Steiervignette virweisen an 2 Mol war de Contrôle technique ofgelaf.