Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zu Diddeleng: No Farerflucht Polizist ugestouss a blesséiert

RTL

© RTL Archiv

Géint 18 Auer gouf zu Diddeleng Accident tëscht 2 Autoe mat Materialschued gemellt. Ee vun de Chaufferen huet sech dobäi duerch d'Bascht gemaach.

De flüchtegen Automobilist konnt allerdéngs nach virun der franséischer Grenz gestoppt ginn. Hei wollt de Mann sech der Police awer nach ëmmer net stellen an huet ee vun de Poliziste mam Auto ugestouss a blesséiert. Nodeems hien immobiliséiert konnt ginn, koum hie mat op de Police-Büro, wou säin Alkoholtest positiv ausgefall ass.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum e Freideg de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter. De Won gouf immobiliséiert.