Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zuchongléck an Däitschland: 5 Doudeger a 44 Blesséierter, eng Persoun um Sonndeg nach a Liewensgefor

RTL

Bei den Doudegen handelt et sech ëm ee Jong am Teenager-Alter an ëm 4 Fraen am Alter tëscht 32 a 70 Joer, esou d'Ausso vun der Police.

Och um Sonndeg ginn d'Opraumaarbechte weider. Zwee vun dräi Waggone konnten nach net nees opgeriicht ginn. D'Police rechent awer net méi domadder, dass nach weider Doudesaffer fonnt ginn.

E Freideg war den Zuch vu Garmisch-Partenkirchen a Richtung München entgleist, wouropshin Waggonen ëmgekippt waren.

Als warscheinlechst Ursaach hunn déi zoustänneg Autoritéiten antëscht en technesche Feeler genannt. Ob un de Gleisen oder um Zuch, wier awer nach net kloer.