Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zwee Beamten liicht blesséiert: Police hëlt presuméierten Drogendealer am Garer Quartier fest

Zwee Beamten liicht blesséiert

E Mëttwoch am Nomëtteg huet d'Police eng Rei Kontrollen am Garer Quartier gemaach. Am Viséier ware Verstéiss géint Drogen- an Immigratiounsgesetzer.

E puer Persoune goufe kontrolléiert, ee Mann huet probéiert, sech der Kontroll e widdersetzen. Hie gouf immobiliséiert, woubäi zwee Beamte liicht blesséiert goufen.

Bei enger weiderer Kontroll vum Mann huet sech de Verdacht verstäerkt, datt hien een Drogendealer kéint sinn. De Parquet huet ee Scan ordonéiert, bei deem dann och direkt e puer Drogeplomben a sengem Kierper zum Virschäi koumen
De Verdächtege gouf doropshi festgeholl an en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht. Et gouf ausserdeem ee Protokoll wéinst Rebellioun géint d'Police geschriwwen.