Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Déifstall a Buttek: Mann schléit Policebeamte mat Fauscht an d'Gesiicht

D'Police war e Samschdeg géint 16.20 Auer wéinst engem Déifstall an e Geschäftshaus zu Iechternach geruff ginn.

Wéi d'Police op d'Plaz komm ass, hat e Sécherheetsmann den Déif schonn immobiliséiert an hat beim Täter déi geklaute Saachen an eng gréisser Quantitéit un Droge fonnt. Nodeems um Policebüro weider Droge beim Mann fonnt goufen, huet d'Police op Uerder vum Parquet d'Wunneng vum Mann duerchsicht. Hei gouf nëmmen eng kleng Quantitéit un Droge fonnt. Duerno ass de Mann ausgeflippt an huet d'Beamte mat der Fauscht an d'Gesiicht an an de Genitalberäich geschloen.

E Protokoll wéinst Déifstall, BTM a Rebellioun gouf geschriwwen.

Abréch gemellt

Zu Äischen an der Rue de la Gaichel ass een Abriecher op den Daach vun engem Haus geklommen an huet eng Fënster ageschloen. Am Haus huet den Onéierlechen d'Schief duerchwullt a Géigestänn geklaut.

Zu Rolleng huet dann nach een onbekannten Täter géint 4 Auer e Sonndeg de Moien d'Fënster vun engem Vëlosgeschäft mat engem Hummer an enger Trennscheif zerstéiert. Ee méi deiere Vëlo gouf geklaut. Beim Abroch goufe weider Vëloe beschiedegt. Den Täter ass duerno mat sengem Gefier geflücht.

Permis wéinst Alkohol um Steier fort

An der Nuecht op e Sonndeg huet dann nach een Automobilist säi Führerschäi missen ofginn. Géint 3.20 Auer war eng Patrull an der Rue de la Déportation zu Gaasperech op een Auto opmierksam ginn, dee mat héijer Vitess ënnerwee war. D'Beamten hunn den Auto gestoppt an de Chauffeur kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv. De Permis gouf op der Plaz vun de Beamten ofgeholl an d'Schlëssele vum Auto hu si och u sech geholl.