Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Am bayresche Günzburg: Blesséierter no Aachterbunn-Accident am Legoland

RTL

© AFP/Archiv/INA FASSBENDER

Bannent enger Woch ass dëst elo schonn dat zweeten Accident mat enger Achterbunn. Allerdéngs gouf keng Persoun schwéier blesséiert.

Lokale Medieberichter no soll en Donneschdegmëtteg ee Waggon vun enger Achterbunn op eemol gebremst hunn. D'Mataarbechter vum Park konnten den zweete Waggon vun der Aachterbunn awer net séier genuch bremsen, soudatt dësen op den éischten opgefuer ass.

34 Persoune goufen de Beamten no blesséiert. Dobäi géif et sech an 32 Fäll nëmmen ëm liicht Blessuren, souwéi ëm blo Plazen handelen. Zwou Persoune goufen allerdéngs méi schwéier blesséiert.