Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Am Lokalen: 3 Accidenter mat am Ganze 5 Blesséierten an e puer Bränn

RTL

© RTL Archivbild

Wéi de CGDIS mellt, koum et tëscht Boukels a Pënsch zu engem Accident, bei deem 3 Persoune verwonnt goufen.

Op där Streck krute sech géint 17.30 Auer e Bus an en Auto ze paken. Weider Detailer in net gewosst.

Kuerz no 01.20 Auer war et ee weideren Accident mat engem Auto, déi Kéier zu Beidler. Hei gouf eng Persoun blesséiert.

Gebrannt hat et op 2 Plazen am Land. Zu Eesbech huet um 20 Auer en Auto gebrannt an zu Esch stoung kuerz virun 21 Auer Material op engem Schantjen a Flamen. A béide Fäll blouf et beim Materialschued.

Weider mellt de CGDIS nach en Accident mat engem Cyclist zu Kënzeg. Den Ongléckleche gouf géint 8.15 Auer e Sonndeg de Moie vun engem Bus erfaasst a blesséiert.