Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Amokfaart zu Tréier: D'Verdeedegung vum Chauffeur geet an Appell

En Dënschdeg gouf no ville Prozessdeeg zu Tréier d'Urteel géint den Amokchauffer geschwat. D'Verdeedegung huet elo Revisioun ageluecht.

D'Verdeedegung vum Amokchauffer vun Tréier geet an Appell. Liewenslaange Prisong an enger zouener Psychiatrie war en Dënschdeg d'Urteel am Prozess géint den 52-Joer ale Chauffeur, deen d'Liewe vu fënnef Persounen um Gewëssen huet.

Donieft hat d'Geriicht um leschte Prozessdag eng besonnesch schwéier Schold festgestallt an dowéinst sollt de Mann, den ënner paranoider Schizophrenie leit, an enger zouener Psychiatrie bleiwen.

Wéi d'Landesgeriicht vun Tréier e Mëttwoch kuerz viru Mëtteg matgedeelt huet, geet d'Verdeedegung awer an Appell. Weider Detailer ginn et bis ewell nach keng.

Bei der Amokfaart um 1. Dezember 2020 koume fënnef Mënschen ëm d'Liewe komm, dorënner een néng Wochen ale Puppelchen, säi Papp, eng Studentin an eng Léierin. Donieft goufe vill Leit schwéier blesséiert an traumatiséiert. Den Täter hat sech ni zu senge Motive geäussert.