National - Bluddegen Drama an Niedersachsen
© AFP (Archiv)
Éischten Informatiounen no soll et sech ëm eng bluddeg Ausernanersetzung tëscht Noperen handelen.
Op zwee Nopeschgrondstécker zu Bienenbüttel an Niedersachsen sinn e Freideg den Owend dräi Doudeger fonnt ginn. Éischten Informatiounen no hätt et eng Ausernanersetzung tëscht Nopere ginn, sou d'Police e Freideg den Owend. Bei den Doudegen handelt et sech ëm ee 85 Joer ale Mann, de Besëtzer vun engem Grondstéck, an een 62 Joer ale Mann, de Besëtzer vum anere Grondstéck, an deem seng Fra vun 61 Joer.
Wéi et vun den Autoritéiten heescht, hätten am Wunngebitt zu Bargdorf Awunner am Nomëtteg e puer Schëss a Gejäiz héieren an doropshin d'Police informéiert.