Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Brexit: Groussbritannien wëll Deel vun EU-Fuerschungsprogrammer bleiwen

London huet rechtlech Schrëtt géint d'Europäesch Unioun ageleet, fir trotz Brexit Zougang zu EU-Fuerschungsprogrammer ze kréien.

Net méi un de wëssenschaftlechen an technologeschen EU-Programmer deelhuelen ze kënnen, géing a Groussbritannien an an der Europäescher Unioun "grousse Schued" verursaachen, heescht et vun der brittescher Regierung en Dënschdegowend. Et handelt sech dobäi ëm dat éischt Verfare géint d'EU nom Brexit. Eegenen Aussoen no hätt Groussbritannien 2020 den Zougang zu EU-Programmer fir Fuerschung an Innovatioun ("Horizont Europa") ausgehandelt. D'EU géing sech allerdéngs weigeren, d'Land an déi akademesch Programmer opzehuelen, heescht et.

D'EU-Kommissioun betount, et géing een de Fall am Aklang mat de Reegelen, déi am Handels- a Kooperatiounsofkommes festgehale goufen, préiwen. D'Handels- a Kooperatiounsofkommes verflicht d'EU allerdéngs net dozou, Groussbritannien zu engem associéierte Partner vun esou Programmer ze maachen.