Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bundesliga: Union Berlin a Freiburg zerleeën hir Géigner

Bremen weist eng gutt Performance beim Retour an d'Bundesliga zu Wolfsburg. Gladbach klappt Hoffenheim a Mainz hëlt zu Bochum dräi Punkte mat.

Gladbach gewënnt no ufängleche Probleemer doheem mat géint Hoffenheim. Am Borussia-Park gouf den Hoffenheimer Posch schonn no 20 Minutte mat Giel-Rout vum Terrain gesat. Doropshin huet Hoffenheim an Ënnerzuel den 1:0 markéiert, mee Gladbach huet duerch e wonnerschéine Gol per Fallréckzéier vum Bensebaini nach virun der Paus ausgeglach. No der Paus hu béid Ekippe méi fir d'Spill gemaach, mee d'Heemekipp huet méi aus de Chancë gemaach a konnt um Schluss als Gewënner vum Terrain goen.

Freiburg fänkt déi nei Saison mat enger -Victoire zu Augsburg un. Obwuel Augsburg de bessere Start hat, huet d'Ekipp vum Christian Streich de Match ëmmer besser ënner Kontroll kritt a sech Chancen erausgespillt, déi awer eréischt nom Säitewiessel och a Goler ëmgemënzt goufen. Freiburg huet direkt no der Paus zwee Mol zougeschloen a krut en drëtte Gol wéinst Abseits oferkannt. D'Breisgauer hunn awer weider no vir gespillt an nach zwee Goler drop gesat.

Union Berlin gewënnt de Stadderby géint d'Hertha verdéngt mat . D'Ekipp vum Urs Fischer huet de bessere Start erwëscht a goung duerch den Neiakaf Siebatcheu mat 1:0 a Féierung. Nom Säitewiessel hunn d'Haushäre bannent fënnef Minutten de Match kloer gemaach an op 3:0 erhéicht. An der 85. Minutt huet de Lukebakio nach den Éieregol fir d'Hertha geschoss. Union Berlin gewënnt domat déi véiert Kéier hannerteneen den Derby géint Hertha.

Wolfsburg a Bremen deele bei engem d'Punkten. Wolfsburg war duerch de Nmecha zwar fréi a Féierung gaangen, mee Bremen konnt de Match duerch zwee séier Goler zu senge Gonschten dréinen an hat nach Chancen nach ze erhéijen. An der zweeter Hallschent huet Wolfsburg méi fir d'Spill gemaach a konnt kuerz viru Schluss nach den Ausgläich markéieren. Bremen huet bei sengem Retour an d'Bundesliga eng gutt Performance gewisen an hätt mat der leschter Aktioun nach als Gewënner vum Terrain kënne goen.

Mainz sammelt beim zu Bochum déi éischt Punkte vun der Saison. An enger ënnerhalsamer éischter Hallschent ass op béide Säiten ee Gol gefall. Nodeems d'Bochumer d'Ufanksphas bestëmmt hunn, ass den 1:0 fir Mainz aus dem Näischt gefall, éier Bochum seng Chancë fir den 1:1 genotzt huet. An der zweeter Hallschent huet Mainz méi fir de Match gemaach an huet ënner anerem de Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro agewiesselt. An der 77. Minutt huet den Onisiwo säin zweete Gol am Match geschoss. An de Minutten duerno huet den FSV d'Féierung souverän verwalt.

Um 18.30 Auer huet Dortmund am éischten Topmatch vun der Saison Leverkusen op Besuch.

Am Erëffnungsmatch vun der 60. Bundesliga-Saison hat an direkt en Ausruffzeeche gesat.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

D'Tabell vun der Bundesliga