Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Cactus: Edamer BBQ-Wurscht wéinst Friemkierper zeréckgeruff

RTL

© Cactus via Sécurité alimentaire

Wéi d'Liewensmëttelsécherheet matdeelt, gëtt de Produit "Edamer Wurscht BBQ X3" vun der Marque "Hausgemacht Cactus" zeréckgeruff.

Verkaaft gouf de Produit mat dem Halbarkeetsdatum vum 26.08.2022 am Cactus. Wien d'd'Edamer Wurscht Doheem huet, soll se net iessen - et kéinte sech Friemkierper dra verstoppen. Wa Friemkierper giess ginn, kann een sech doru verschlécken oder interne Blessure kréien. Vum Réckruff ass den Dräier-Pak mat der Lot Nummer 303.22 betraff. An de Cactus- Supermarchéë sinn d'Wurschte schonn aus de Rayone geholl ginn.

Weider Informatioune fannt Dir um Site vun der Liewensmëttelsécherheet.