Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CGDIS: Cyclist zu Wolz ugestouss a blesséiert

Den 112 mellt een Automobilist, dee sech mat sengem Gefier iwwerschloen huet an e Cyclist, dee vun engem Auto ugestouss gouf.

Op der RN08 tëscht Récken a Bruch ass e Freideg de Moie géint 9.40 Auer een Auto op d'Kopp gaangen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Lëntgen a Miersch versuergt.

Zu Wolz gouf géint 9.50 Auer e Cyclist an der Avenue Nicolas Kreintz ugestouss a blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Wolz.

En Donneschdeg den Owend war en Automobilist mat sengem Gefier op der A31 un der Grenz tëscht Diddeleng an Hettange/Kanfen/Wuelmereng an d'Leitplank gerannt. Hei koum keng Persoun zu Schued. D'Rettungsdéngschter vun Diddeleng hu grenziwwerschreidend Hëllef geleescht.

Ronn zwou Stonne méi spéit hunn d'Rettungsdéngschter vun Diddeleng nach eng Kéier missen ausrécken. Dat well an der Rue de la Libération e Won an en Haus gerannt war. Och hei gouf kee blesséiert.