Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Conference-League-Playoff: Den F91 Diddeleng verléiert den Allersmatch bei Lech Posen mat 0:2

Den F91 Diddeleng huet um Donneschdeg Owend am Play-Off vun der Conference League auswäerts géint Lech Posen mat 0:2 de Kierzeren gezunn.

De Lëtzebuerger Vertrieder huet op de ganz erfuerene Defenseur Manuel Da Costa misste verzichten. No enger defensiver Onsécherheet huet den Norweger Kristoffer Velde no engem Corner an der 6. Minutt den 1:0 fir Lech Posen markéiert.

Et war gewosst datt et géint de Champion aus Polen ganz schwéier géif ginn, och wa Lech Posen op nationalem Plang dës Saison enttäuscht huet. Donieft war ee gespaant, wéi de Lëtzebuerger Champion no de leschten intensive Woche géif reagéieren.

Den F91 huet no engem schwéiere Start an de Match déi polnesch Formatioun a Schwieregkeete bruecht. E gutt placéierte Fräistouss hätt no 22 Minutte méi misste bréngen. D'Lokalekipp ass awer och weider geféierlech bliwwen an hat no ronn 34 Minutte bal mam Pedro Rebocho markéiert. No 45 Minutte stoung 1:0 fir Lech Posen.

Déi éischt Minutten no der Paus ware ganz equilibréiert. Den 2. polnesche Gol war e bëssen iwwerraschend gefall an der 66. Minutt. De Schwedesche Kapitän vu Lech Posen, Mikael Ishak, huet um Limitt vum Abseits de flotten 2:0 geschoss.

An der 80. Minutt huet den Diddelenger Lucas Fox den 3:0 verhënnert. 4 Minutten drop war de Nationalkeeper nees op Zack fir e Gol z’evitéieren. Den Edis Agovic hat kuerz drop eng Golchance fir den F91.

No 88. Minutte krut Lech Posen ee Spiller vum Terrain gesat. Den F91 huet dunn alles ginn, fir ze markéieren an hat och gutt Golchancë mat Mehdi Kirch a Samir Hadji.

Allgemeng war d'Lokalekipp méi geféierlech esou datt een d'Defaite acceptéiere muss. Diddeleng hätt et awer verdéngt an der Schlussphas ze verkierzen.

De Retourmatch ass de nächsten Donneschdeg am Stade de Luxembourg. Trotz der Defaite ass et fir den F91 géint dëse gudde Géigner nach méiglech de Retard op ze huelen.

Géifen déi Diddelenger weider kommen, da wier d’Ekipp aus der Forge du Sud fir d'Gruppephas qualifizéiert.

D'Damme vum Stater Racing verléiere géint Juventus Turin

Bei den Dammen huet an der Champions League huet de Stater Racing auswäerts géint d'Juventus Turin missten untrieden. D'Juve war de grousse Favorit an huet mat 4:0 d'Iwwerhand behalen. An der Paus stoung et 2:0.

D'Qualifikatioun gëtt an tournéierform gespillt. D'Damme vum Stater Racing wäerte do scho nees de Weekend gefuerdert sinn, an dat géint Flora Tallinn aus Estland.