Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Däitschland: Bundesverfassungsgeriicht hëlt Impfflicht fir Kanner géint Riedelen un

RTL

© AFP/Archiv/Tobias SCHWARZ

2020 gouf d'Impfflicht fir Kanner géint Riedelen a Crèchen a Schoulen ageféiert. Dogéint haten direkt e puer Famillje geklot.

D'Bundesverfassungsgeriicht zu Karlsruhe huet en Donneschdeg säin Urteel bekannt ginn am Sträit ronderëm eng Impfflicht fir Kanner géint Riedelen. Déi Flicht gouf virun 2 an engem hallwe Joer bei eisen däitschen Noperen agefouert. Zanterdeem däerfe Kanner just nach an eng Crèche oder bei eng Dagesmamm, wa se geimpft sinn oder d'Riedele schonn haten. Dat selwecht gëllt fir Schoulen, an deenen et Geldstrofe fir d'Eltere kënne ginn.

4 Koppelen hate géint déi Impfflicht geklot, well si et als onverhältnesméissegen Agrëff an d'Grondrechter gesinn.