Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

De Countdown leeft: E Freideg ass den Optakt vun der 680. Schueberfouer

D'Fouer dauert dëst Joer bis de 7. September an zielt eng Rekordzuel vun 223 Spiller, Verkafsstänn a Gastronomie-Betriber.

E Freideg ass et nees esouwäit, da fänkt déi beléifte Stater Kiermes um Glacis un. Eng nei Attraktioun ass déi gréisst transportabel Geeschterbunn vun der Welt. Nei ass och, datt d'Horairen tëscht mëttes an eng 1 nuets harmoniséiert goufen an deemno d'fräi Nuechte freides a samschdes ewechfalen. Spiller, déi de Wee nees zréck op Lëtzebuerg fonnt hunn, sinn ënner anerem den Top Spin, Hangover an Hexentanz.

Tëscht 500 a 600 Demandë koumen dëst Joer vu Forainen eran, 223 Spiller, Verkafsstänn a Gastronomie-Betriber goufe schlussendlech zeréckbehalen, woubäi een Drëttel vun alle Foraine Lëtzebuerger sinn. Nieft Traditiounsbetriber, déi bei de Leit gutt ukommen, ginn et all Joer och eng Partie nei Attraktiounen, déi d'Fouer interessant maachen.

Verschount vun der Inflatioun an Energie-Kris bleift d'Schueberfouer net. D'Gemeng Lëtzebuerg freet dëst Joer kee Standgeld, dofir probéiert ee bei de Präisser raisonnabel ze bleiwen, huet et vum Charel Hary, President vun de Forainen, geheescht. An awer kommen d'Forainen net laanscht eng Präishausse. Virum allem an den Iess- a Gedrénksbuden ass mat méi héije Präisser ze rechnen.

20 Deeg dauert d'Fouer dëst Joer. Den Ofschloss ass de 7. September owes mat engem Freedefeier. Deen Dag gëllt op alle Spiller den hallwen Tarif, wat och de Fall um Familljendag, mëttwochs den 24. August ass.

D'Schueberfouer ass déi gréisst Kiermes an der Groussregioun an zitt all Joer eng 2 Millioune Visiteuren un.