Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Denkmalschutz zu Esch: Georges Mischo: "Net wouer, dass mir just 790 Saache geschützt hunn"

Dem INPA-Direkter Patrick Sanavia no géinge vill Gemenge virbildlech agéieren an hir Gebaier schützen. D'Situatioun zu Esch wär dogéint katastrophal.

Zu Lëtzebuerg ginn et sécherlech vill Gebaier, déi erhalenswäert sinn. Zanter Februar gëtt et och en neit Denkmalschutzgesetz. En Thema, wat awer ëmmer nees fir Diskussioune suergt. Rezent hunn Aussoe vum Direkter vum Institut national pour le patrimoine architectural am Lëtzebuerger Wort bei de Gemengeresponsabelen zu Esch nawell fir Irritatioune gesuergt. De Patrick Sanavia sot, vill Gemenge géife virbildlech agéieren an hir Gebaier schützen. D'Situatioun zu Esch wär dogéint katastrophal.  D'Nina Schagen war sech op Esch e Bild maachen.

Denkmalschutz zu Esch / Reportage Nina Schagen

Den INPA hat 2500 Gebaier als schützenswäert agestuuft. Ma d'Gemeng Esch hätt der an hirem PAG – dem Bebauungsplang - just 790 iwwerholl, wéi de Patrick Sanavia, Direkter vum Institut national pour le patrimoine architectural, och RTL géintiwwer zu Esch kritiséiert.

"Hei si mir an enger Strooss, dat ass d'Rue Würth-paquet, déi huet guer kee Schutz. Wa mir awer elo net nëmmen déi eenzel Haiser kucken, mä och de ganzen Ensembel, rifft et jo awer quasi no Schutz, op d'mannst no Gemengeschutz. Et ass wichteg, dass déi Haiser eng Sécherheet hunn, dass se stoe bleiwe kënnen."

Den Escher Buergermeeschter Georges Mischo vun der CSV léisst déi Kritik net gëllen. Am Géigendeel: "Et stéiert mech an et mécht mech och e bëssen traureg, wann ech héieren, dass verschidde Leit entweder net verstinn oder net wëlle verstoen, dass mir ronn 3.600 Gebaier geschützt hunn. Mir hu se vläicht net am PAG geschützt, mä mir hu se op 7 Aart a Weisen, 7 Kategorien, wou mir se agedeelt hunn, geschützt."

Zum Beispill „national Monumenter" sinn eng Kategorie, grad ewéi „erhalenswäert Ensembelen". An do nennt de Georges Mischo dann déi nämmlecht Strooss wéi den Direkter vum INPA: d'Rue Wurth-Paquet. Déi Strooss wär wuel protegéiert, behaapt de Georges Mischo.

"Dat ass net, dass do iergendeen eng Unifamilial ofrappe geet an eng Residenz dodra baut, dat ass geschützt. An domadder, mam Ensemble construit, hu mir 1.449, eleng déi mir zu Esch esou schützen, well et e ganzen Ensemble ass. Dat ass am Fong geholl net wouer, dass mir just 790 Saache geschützt hunn."

Allerdéngs spillt nach en anert Element mat, bei deem d'Androen am PAG wichteg wär, esou de Patrick Sanavia. "Wat nach dobäikënnt, ass, dass déi Haiser, déi kee Schutz hunn, do gëtt et och fir de Proprietär keng Subventioun. Dat heescht, och wa mir de Leit eng Kéier an dëser oder an anere Stroossen zu Esch gären géingen hëllefen, mir kënne kee Subside ginn, well mir kënnen nëmmen ee ginn, wa mir iwwert d'Gesetz an iwwert de PAG och kloer Schutz hunn."

Mä huet den Direkter vum Institut national pour le patrimoine architectural dann ni mat den Escher Gemengeresponsabele geschwat?

"Mir hunn deenen Escher Responsabelen dat e puer Mol gesot. D'Kulturministesch huet hinnen och geschriwwe gehat, éier de PAG ofgeseent gouf, dass dee Schutz, wou mir wossten, dass e géing kommen, net géing duergoen, dass hir Architektur hei zu Esch méi géinge verdéngen."

De Georges Mischo wiert sech. Ëmmerhin hätt d'Gebléishal ënnert anerem duerch seng Géigewier kënne stoe bleiwen. Et géif och nach aner positiv Beispiller ginn, vun historesche Gebaier, déi zu Esch eng nei Roll kruten.

"D'Bridderhaus, dat war eent dovun, d'Gebléishaus eent dovun, d'rout Lëns eent dovun."

Trotzdeem schléisst den Escher Buergermeeschter net aus, dass nach weider Gebaier kéinten iwwert de PAG protegéiert ginn. Ob punktuell Modifikatiounen dem Patrick Sanavia duergoe géingen, dat bleift dann ofzewaarden.