Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Diddeleng: Brigange konnte sech iwwert franséisch Grenz duerch d'Bascht maachen

An der Nuecht op e Méindeg gouf der Police gemellt, dass sech am Zentrum vun Diddeleng zwou Persoune verdächteg géife verhalen.

Et war een dovun ausgaangen, et kéint sech ëm Abriecher handelen. D'Police ass der Saach nogaangen an et huet sech erausgestallt, dass et tatsächlech en Abroch gouf, dat an engem Lokal op der Gemengeplaz, grad ewéi en Abrochsversuch an der Rue de Commerce.

D'Police huet sech op d'Sich no de Brigange gemaach an an der Route de Bettembourg hu se e verdächtegt Gefier ugetraff. Et koum zu enger Course-poursuite, bei där d'presuméiert Abriecher probéiert hunn d'Policepatrull vun der Strooss ze drécken... et blouf beim Versuch.

Schlussendlech ass et de Brigangen awer gelonge sech iwwert d'franséisch Grenz dervun ze maachen.