Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Diplomatin Choe Son Hui: Nordkorea huet fir eng éischte Kéier eng Fra als Ausseminister

Déi erfueren Diplomatin Choe Son Hui, déi virdru scho Vize-Ausseministerin war, gouf bei engem Treffe vun der Kommunistescher Partei offiziell ernannt.

Domat léist d'Choe Son Hui de Ri Son Gwon of, en Ex-Militär, dee viru sengem Ministerposten d'Gespréicher mat Südkorea gefouert hat.

D'Choe, déi fléissend Englesch schwätzt, war eng enk Beroderin vum Dirigent Kim Jong Un an den Atomgespréicher mat den USA an huet hien och schonn op e Sommet mam fréieren US-President Trump begleet. Nom Echec vum Sommet zu Hanoi 2019 hat si op enger seelener Pressekonferenz d'USA fir d'Schifgoe vun de Gespréicher responsabel gemaach. "Ech denken, d'Vereenegt Staaten hu mam Refus vun eise Proposen eng eemoleg Chance verpasst", sot si do.
D'Gespréicher mat den USA sinn zanter dem Sommet zu Hanoi net méi weidergaangen. An de leschte Méint hat Pjöngjang e puer Gespréichsoffere vu Washington refuséiert.

Duerch méi wéi 20 Rakéitentester zanter dem Joresufank huet sech och déi ugespaante Lag op der koreanescher Hallefinsel weider verschäerft. Nordkorea hat ze lescht e Sonndeg 8 Kuerzstrecke-Rakéite getest. D'USA warnen donieft zanter Wochen, Nordkorea kéint eng éischte Kéier zanter 2017 och geschwënn nees en Atomwaffentest duerchféieren.