Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ëffentlech Gesondheet: Afenhëtzt an thermesche Stress belaaschten de mënschleche Kierper

Lescht Joer gouf et am Mount August e Pic vun 100 Doudegen d'Woch. Stierffäll, déi och op tropesch Nuechten an Afenhëtzt zeréckzeféiere sinn.

D'Afenhëtzt an den thermesche Stress belaaschten nieft der Natur och de mënschleche Kierper. Duerfir besteet och e Lien tëscht tropeschen Nuechten an enger Hausse vun den Doudesfäll. Och hei am Land ass dëse Phenomen wouer. Dat beleeë Chiffere vun Doudesfäll, déi de Gesondheetsministère iwwert d'lescht Joer liwwert. An do gouf et effektiv am Mount August e Pic vun engen 100 Doudegen d'Woch, wat iwwert der geschater Moyenne louch. Dës Stierffäll féiert een dann och op d'tropesch Nuechten an d'Afenhëtzt zréck.

Afenhëtzt an thermesche Stress / Rep. Roy Grotz

Betraff vun der Iwwerstierflechkeet (surmortalité) ware Persounen, déi méi al wéi 85 Joer waren. Et war de gréngen Deputéierte Marc Hansen, deen dës Informatiounen duerch seng parlamentaresch Fro vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert krut a sech op eng Berliner Etüd an deem Kontext berifft. Den Deputéierte schwätzt dann och a senger Fro dovunner, datt d'ëmmer méi heefeg Periode vun staarker Hëtzt am Dag an tropeschen Nuechte wäerten eng Erausfuerderung fir d'ëffentlech Gesondheet duerstellen.

Ëmsou méi wichteg och d'Anhale vun de gudde Gesten, déi am nationale Plan Canicule festgehale goufen, deen et zanter ewell 2 Joerzéngte gëtt. De Chiffer vun den eelere Leit, déi sech bannent de leschte 16 Joer awer doheem besiche geloss hunn, well se sech ageschriwwen haten, ass awer mat enge 4.800 Persoune relativ moer - dat sinn op ee Joer eng 300 Leit an der Moyenne, déi no sech kucke geloss hunn. Dës Persoune gi via Courrier, de Gemengebued an natierlech och d'Soins à domicile iwwert d'Offer informéiert. Genee sou moer ass d'Zuel vun de Leit, déi sech op der Hotline "canicule" bei der Santé umellen. Dëst waren eng Dosen Appellen d'Woch.

D'Santé ass aktuell amgaang, de Plan Canicule mat den Donnéeë vun zejoert mat der COPAS an dem Roude Kräiz z'analyséieren, fir en esou an Zukunft nach besser ze maachen. Zu de viséierten Ännerunge gehéieren de Support vun de Sozialbüroen an de Gemengen, fir nach e bessere Suivi vun den ufällege Persounen ze garantéieren, grad wéi neit informatescht Material, fir d'Leit cibléiert iwwert d'Gefore vun Hëtzt-Perioden an d'Bild ze setzen.