Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

El Salvador: Bannent 4 Méint goufe 50.000 Membere vu kriminelle Bande festgeholl

Dobäi goufen 1.300 Schosswaffen an iwwer eng Millioun Dollar beschlagnaamt, sou heescht et vun der Police aus dem zentralamerikanesche Land.

D‘Autoritéiten am El Salvadaor hunn elo bannent véier an engem hallwe Mount ronn 50.000 Membere vu kriminelle Bande festgeholl. Well virun e puer Méint bannent dräi Deeg 87 Mënschen ermort goufen, hat de President vun El Salvador der Bandekriminalitéit de Krich erkläert. D‘Parlament hat doropshin den Ausnamezoustand deklaréiert, soudatt d'Policebeamte Leit och ouni Mandat d'arrêt festhuele konnten.

Mëttlerweil si ronn 66.000 presuméiert Membere vu kriminelle Banden an de Prisonge vun El Salvador. Donieft huet de President den Uerder ginn, fir e risegen neie Prisong mat ronn 40.000 Plazen ze bauen.