Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Eppes Neies entsteet": D'CSV huet um Nationalkongress hiren neie Logo presentéiert

Ënnert dem Slogan "Eppes Neies entsteet" huet d'CSV e Samschdeg hiren Nationalkongress ofgehalen.

Eng 235 Leit waren e Samschdeg de Moien am Forum Geesseknäppchen zesummekomm, wou et virun allem ëm dat neit Zukunftsbild an d'Wäerter vun der Partei gaangen ass. An deem Sënn gouf géint 11 Auer deen neie Look presentéiert.

Et géif ee Politik fir d'Gesellschaft maachen an et wier een eng Partei vun der demokratescher Mëtt, esou de Parteipresident Claude Wiseler. An Zukunft wéilt ee sech dann och mat ënner anerem engem neie Logo no baussen hi méi professionell an dynamesch weisen.

Rieds goung och vum Krich an der Ukrain. Do huet de Partei nach eng Kéier kloer Positioun bezunn an d'Regierung kritiséiert, datt si net méi op europäeschem Niveau géing ënnerhuelen.