Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Escher Gemeng confirméiert: Belsche Produzent Joskin kënnt op Lëtzebuerg

De belsche Produzent vu landwirtschaftleche Maschinnen installéiert sech um Terrain vun der fréierer elektrescher Zentral Twinerg zu Esch.

Mir kruten d'Nouvelle aus dem Paperjam vum Ekonomiesministere a vun der Escher Gemeng confirméiert. Et géif een d'Firma bei de Pläng, sech zu Lëtzebuerg néier ze loosse scho méi laang begleeden, heescht et aus dem Ekonomiesministère. Lo sinn d'Wierfelen also definitiv gefall.

Op 15.000 Quadratmeter sollen zu Esch tëscht 14 an 20 Milliounen Euro investéiert ginn a ronn 100 Aarbechtsplaze geschaaft ginn, schreift d'Zeitung.

Et hofft een, datt et Enn 2023 ka lass goen. Wéinst der Pandemie krut de Projet Retard.

Joskin ass a 60 Länner aktiv a beschäftegt méi wéi 1.000 Leit.

An der Escher Märei gesäit een d'Installatioun vum grousse belschen Landwirtschaftsproduzent iwwregens mat gemëschte Gefiller. Eigentlech hätt ee léiwer méi kleng lokal Acteuren um genannte Site gesinn.