Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Europa-League-Qualifikatioun: Den F91 Diddeleng huet géint Malmö 2:2 gläich gespillt

Am Retourmatch vun der Qualifikatiounsronn an der Europa League huet den F91 Diddeleng en Donneschdeg am Stade Luxembourg géint Malmö 2:2 gläich gespillt.

Nom 0:3 virun enger Woch am Allersmatch ass den F91 aus der Europa League eliminéiert, dëst awer ouni z’enttäuschen, a muss schonn d'nächst Woch an der Conference League untrieden.

Et konnt ee beim F91 Diddeleng 4 Changementer am Verglach zum 1. Optrëtt am Championnat notéieren. De Morren war fir de Retourmatch gespaart.

Den F91 war op offensivem Plang zimmlech staark am Verlaf vun der 1. Hallschent an hat mam Joao Magno no 8 Minutten eng grouss Chance. Och no 16 Minutten huet de Keeper vun de Visiteure missten intervenéieren no engem Wäitschoss vum Samir Hadji.

Hanne war den F91 allerdéngs ufälleg. Malmö war haaptsächlech geféierlech aus der Distanz.

An de Minutten 38 a 39 hätt Diddeleng misste markéieren no Schëss vu Filip Bojic an Dejvid Sinani. Déi Aktioune ware ganz schéin erausgespillt. Mam 0:0 an der Paus war Malmö zimmlech gutt bezuelt virun 898 Spectateuren.

An der 50. Minutt goufen déi Diddelenger ausgekontert. De Buya Turay huet den 0:1 markéiert. 2 Minutten drop gouf den F91, dee sech nach net vum 0:1 erkritt hat, nees kal erwëscht. Den Ola Tolvonnen huet den 0:2 geschoss.
De Lëtzebuerger Vertrieder huet de Kapp allerdéngs guer net hänke gelooss am Géigendeel. De Samir Hadji an den Dejvid Sinani hunn an der 56. Minutt respektiv der 60. bei 2:2 gläich gezunn.

Den Hadji hat no 74 Minutten den 3:2 um Fouss. De Ball ass knapp laanscht gaangen an an der Nospillzäit hat de Sinani de Gol nëmme knapp verfeelt.

Eng knapp Victoire wier verdéngt gewiescht.

RTL

© Serge Olmo / RTL

Den europäesche Parcours vum Lëtzebuerger Champion ass no der Eliminatioun an Europa-League-Qualifikatioun nach net eriwwer. Déi Diddelenger kënnen et nach an d'Gruppephas vun der Conference League packen. An de Playoffs (18. a 25. August) kréie si et entweder mat Lech Posen aus Polen oder mat Reykjavik aus Island ze dinn. Hei ass nach keng Decisioun gefall. De Match gouf eréischt um 20.30 Auer ugepaff.