Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

European Championships: Dëschtennis: Den Duo Ni Xia Lian a Sarah De Nutte steet an der Véierelsfinall zu München

Mat engem 3:1 setzt sech de Lëtzebuerger Duo souverän am Dubbel géint de serbeschen Duo Lupulesku/Vignjevic duerch a steet domadder an der Véierelsfinall.

E Mëttwoch um 17:15 Auer treffen d'Ni Xia Lian an d'Sarah De Nutte op d'Schwedinne Källberg/Bergström. Sollte si sech géint d'Schwedinnen duerchsetzen an domadder an der Véierelsfinall weiderkommen, da stinn d'Chancen op eng Medail fir Lëtzebuerg relativ gutt.

E Mëttwoch ginn iwwerdeems dräi Lëtzebuergerinnen am Dammen-Eenzel an den 1/32-Finallen un den Depart. D'Tessy Gonderinger spillt um 11:15 géint d'Italienerin Giorgia Piccolin. D'Ni Xia Lian trëfft iwwerdeems um 12:05 Auer op d'Bulgarin Polina Trifonova. Fir d'Sarah de Nutte ginn 1/32-Finallen um 13:45 lass, wa si géint d'Englännerin Ho Tin-tin spillt.